Die Mutter

Die Mutter ass e psychologesch raffinéierten Thriller …

E Grupp vu Mammen trëfft sech regelméisseg, si schwätzen iwwert hir Puppelcher, iwwert Männer, iwwert hir Suergen an Ängscht.
Eben déi typesch Problemer – se fillen sech dacks aleng.
Enges Dages beschléissen se, d’Kanner beim Mann oder beim Babysitter ze loossen a mol eng Kéier erëm op den Tuer ze goen.
An dann eskaléiert alles, dem Winnie säi Bouf Midas verschwënnt spuerlos. D’Mammen ginn duerch d’Hell, si ginn sech d’Schold.
Wat ass geschitt?
Et ass e Kuddelmuddel, kënnen si sech iwwerhaapt vertrauen? Eng Mamm wëll Äntwerten, déi aner weess zevill, anerer wëllen näischt méi mam Grupp ze dinn hunn.
Wien huet eppes ze verstoppen?
Dem Midas säi Verschwannen kënnt an d’Zeitung, ech hunn et eekleg vun de Medie fonnt, dass d’Mammen esou ugegraff goufen, well se Alkohol gedronk hunn.
Mä och si hunn e Recht ze feieren, ze liewen, een eegene Wëllen a Charakter ze hunn!
Et ass eng medial Hexejuegd ginn.

D’Buch gëtt aus verschiddene Mammeperspektiven erzielt, mir léieren déi ënnerscheedlechst Gefiller a Mënschen kennen.

Interessant war och, dass sech e puer Tipps fir frësch Mammen am Buch verstoppt hunn – dat huet bei de Rescht gepasst!

De Schluss war iwweraschend, den Thriller huet sech an een Drama verwandelt.

Ech hunn dräi Kanner, déi Virstellung, dass e vun hinnen entfouert gëtt, ass beängstegend. Erschreckend. Doduerch huet d’Geschicht mech zimmlech matgeholl, ech hu mam Winnie gelidden. Gehofft, dass de Midas gesond a monter erëmfonnt gëtt!

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s

Bloggen auf WordPress.com.

Nach oben ↑

%d Bloggern gefällt das: