Normalerweis schreift de Bernhard Aichner Thrilleren – mat dësem klenge Roman huet e sech un een neie Genre gewot.
Ass e gegléckt?
Ech weess et net, ech hunn d’Buch gelies, et huet sech allerdéngs keng richteg Stëmmung agestallt.
Ech hu mech net gelangweilt – e war witzeg, wahrscheinlech hunn ech en dowéinst net ofgebrach.
De Roman besteet just aus Dialog, e liest sech séier.
De Gottlieb fillt sech aleng a rifft op eng Sexhotline un, hie schwätzt déi ganz Nuecht mam Marie.
Hie wëll keng verschwéngste Saache vun him héieren, e wëll just schwätzen.
Et huet ee wierklech d’Gefill, et géing een en Telefonsgespréich nolauschteren, si erziele sech Ligen, Wourechten a flirten.

Vun engem Liibesroman géing ech net schwätzen, eis zwee Protagonisten léiere sech jo eréischt kennen – just si wëssen wat d’Zukunft bréngt.
Ech muss zouginn, dass de Schluss fir eng kleng Iwweraschung gutt war, mä ech hu mir schonn esou eppes ähnleches geduecht.

Dat nächst Buch, wat ech vum Autor liese wäert, wäert nees een Thriller sinn!

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s