Den Hydra-Virus ass dout – sou schéngt et mol.
Mä den Impfstoff huet et schlëmmer gemaach, dem Cat säi Papp huet e Code dra verstoppt; dëse soll d’Mënschheet ëmprogramméieren.
D’Cat an de Cole mussen alt nees d’Welt retten.
Op der Sich no Hëllef an Äntwerten begi si sech an d’Wüst. Mä wiem kënne se vertrauen? Jiddereen schéngt Hannergedanken ze sinn, et gëtt belunn an bedrunn.
Déi béis Organisatioun Cartaxus huet seng eege Pläng, d’Léisung ass am Cat senger Vergaangenheet ze fannen.
Mä leider feelt him d’Erënnerung, se kënnt Stéck fir Stéck erëm, hatt muss sech enger fuerchtbarer Wourecht stellen …
Wien ass dat mysteriéist Meedchen Jun Bei? Frënd oder Feind?
Et ass dramatesch!
Wéi wäert de Cole op dës Noriichten reagéieren?
D’Charakteren hu mech iwwerzeecht – déi eng méi, déi aner manner.
Dësen zweeten Deel huet mech genee esou begeeschtert ewéi den éischten – wann net souguer e bësse méi.
Ech hoffen, dass dat nach getoppt ka ginn!
De Schluss léisst vill Froen op – ech hoffen, dass et nach en drëtten Deel wäert ginn.
Wat halt Dir dann vu Gentechnik?
Wou sollen d’Grenzen leien?
Wéi wäit däerf de Mënsch am Numm vun der Wësseschaft goen?
A wat ass mat der Technik?
Ech géif mech net wuel a menger Haut fillen, wann se sou wäit entwéckelt wier, ewéi am Buch.
Wou bleiwt d’Privatphär?
Dat reegt zum Nodenken un …

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s