Believe me war een exzellenten Thriller – ech war mir bis zum Schluss net sécher wéiee Charakter dann elo dee Gudden ass.

D’Claire, eis Protagonistin ass Schauspillerin, momentan schafft hatt als ‚Treuetesterin‘. Bei sengem nächsten Optrag wëll de Mann näischt vun him wëssen, den Dag drop gëtt d’Fra doudeg opfënnt.
Ween ass de Mäerder? De Mann?
Oder d’Claire?
Hatt schéngt zimmlech labil ze sinn – oder gehéiert dat zu senger Roll?
Verschidden Texter am Buch ginn als Dialog duergestallt, dat verstäerkt den Androck et wär alles just gespillt.
Oder ass et just eng Kappsaach?
Kënnt mat der Zäit Liicht an d’Donkelheet?
D’Polizei verdächtegt de Mann, d’Claire soll hëllefen Beweiser géint hien ze sammelen. Kritt hatt hien aus der Reserve gelackelt? Leeft hatt Gefor seng Identitéit ze verléieren?
Ass en tatsächlech e Soziopath oder ass dem Claire seng Realitéit esou verzerrt?
Et ass e Buch voller Liggen, e Spill mat den Emotiounen.
Den Charles Baudelaires, e franséische Lyriker spillt eng grouss Schlësselfigur an dësem Roman – säi Roman ‚Les Fleurs du Mal‘ kënnt dacks zur Sprooch.

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s