Too late vum Colleen Hoover ass ganz aneschter ewéi seng aner Bicher. Et ass méi düster a méi bedreelech. D’Gefor ass op all Säit ze spieren. D’Geschicht ass voller Gewalt, et ginn Droge konsuméiert, Partyen gefeiert a gedealt.
An d’Sloane ass matzendran – fräiwëlleg gezwongen an der Häll. Hatt wunnt mam Asa zesummen, well hien ëm versprach huet fir d’Behandlungskäschte vu sengem behënnerte Brudder opzekommen.
Et ass also eng selbstlos Handlung, hatt denkt dobäi just un d’Wuelbefanne vu sengem Brudder.
Ech hunn e kuerz kennegeléiert, et ass e léiwe Kärel, hien huet d’Häerz op der richteger Plaz.
Den Asa ass brutal, besëtzergräifend a psychesch krank, d’Sloane huet et net einfach.
An enger Univirliesung léiert hatt de Carter kennen, si versti sech richteg gutt – bis dass d’Sloane op enger Party matkritt, dass de Carter e Frënd vum Asa ass.
Wéi konnt hatt sech esou an engem Mënsch täuschen?
Et ass quasi Léift op den éischte Bléck, dat mécht dem Carter seng Aufgab net méi einfach – hien ass nämlech undercover.
Flitt seng Tarnung op? Vertraut d’Sloane him?
Déi zwee geroden an en Däiwelskrees voller Mësstrauen an Drohungen. E falscht Wuert, e falsche Geste an den Asa dréit duerch! Hien ass e Meeschter an der Manipulatioun, et muss een all Wuert op d’Goldwo leeën.

Ech kéint katzen, wann ech drun denken, dass et am reale Liewen wierklech esou Männer gëtt, déi Fraen ënnerdrécken a mëssbrauchen – sief dat kierperlech oder séilech.
Extra un dësem Buch ass den Epilog – där ginn et der e puer. Domat huet d’Autorin Wënsch vu senge Fans erfëllt.
Am Nowuert gi mir gewuer, firwat d’Autorin dëst Buch geschriwwen huet. Et huet mir gefall, ech ginn zou, dass ech näischt géint méi e krasse Schluss gehat hätt …
Et wier passend gewiescht!

Leider passt de méi donkele Buchcover net bei meng aner Bicher vun der Autorin. Mä villäicht komme jo nach e puer düster Geschichten dobäi, mat too late huet si jo bewissen, dass se och anescht kann.

Et ass keen New Adult-Roman, ech géif soen, dass d’Buch ab 18 Joer ass, et kéint Jugendlecher verstéieren. Oder se op falsch Iddien bréngen.

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s