Dëse Roman aus dem Drachenmond Verlag ass tragesch. Traureg – mat enger klenger Portioun Mystery.
D’Phina verléiert bei engem Autoaccident seng beschte Frëndin Lara. Hatt ass um Enn, seng Trauer mécht et him schwéier d’Liewen nees ze liewen. Seng stabil Bezéiung mécht keng Freed méi – Gott sei Dank suergt seng Aarbecht als Schouljoffer fir Ofwiesselung. Bis dass d’Schoul de Schüler, zesumme mat der Police Drogepräventatioun un d’Häerz leet. D’Phina léiert den David kennen, de Polizist ass him onsympathesch, heen schéngt eppes géint hatt ze hunn. Ass et perséinlech? Wat d’Phina net weess – hatt gëtt net nëmmen vum David verfollegt, eppes Béises ass hannert him hier. Et gëtt geféierlech! Erkennt hatt (an den David) d’Wourecht matzäiten? Oder sinn si vru lauter Haass an Trauer verblend? Erkennen si d’Liicht?

D’Autorin thematiséiert net nëmmen den Dout an Trauerbewältegung, Alkoholismus spillt och eng grouss Roll an der Geschicht.
D’Idee mat der Luucht huet mech emotional beréiert, et wär dach schéin, wann et tatsächlech méiglech wier.
Duerch d’Primärschoul fanne sech vill lëschteg Momenter am Buch. Ass et wierklech esou wëll?
Heiansdo geheie mir e klenge Bléck bei d’Lara an d’Geeschterwelt – et ass en Häerzensbuch!

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s