Feedback vun de Lieweg-Lieser

An dësem Blogpost deelen ech Iech mat, wéi d’Lieser op mäi Buch Lieweg reagéiert hunn.

Den Ufank mécht Jo-Anne – iwwert seng léif Wierder hunn ech mech immens gefreet! Merci ❤

„Meng nei Lecture – dem Jessica Mersch säin 1. Wierk. Am Ufank ass et bessi komesch Letzebuergesch ze liesen, mee et ass einfach eng Saach vu Gewunnescht. All Respekt Jessica, ech hu geschter Owend domatt ugefaang a kann et lo kaum erwarden et fäerdeg ze liesen (hätt et an engem Zuch gelies, ech war wierklech gefesselt, mee am Bett liesen mecht mech emmer midd 😉). Du hues et fäerdeg bruecht dass ech däi Buch iwwert e ganz schwéier verdaubart Thema regelrecht verschléngen. Sinn gespaant op däin nächst, weider sou! 👍“


D’Mady seet:

„Wann een sech eppes traut …
Tabu-Thema’en ginn et leider vill op dëser Welt.
Ëmsou méi sinn ech houfreg, dass d‘ Jessica Mersch sech un sou een Thema run getraut huet an dëst lo als Buch rauskomm ass 😍“


Dës Wierder vum Isabelle hu mech nawell beréiert!

„Merci fir d’Buch, ech hunn et elo fäerdeg gelies.
Ech muss soen, et geet engem ënner d’Haut. Dir hutt dee ganze Wee vum Laura gutt beschriwwen, di Dramen, déi et erlieft huet, seng Dreem, seng Enttäuschungen, säin éiwege Kampf.
Ech fannen, wat Iech och gutt gelongen ass, dat ass, wéi Der beschreift, wéi ähnlech Situatiounen am Liewen ëmmer nees erëmkommen, ouni dass een se gesicht huet, ouni dass een drop gefaasst war… an déi, wéi am Laura sengem Fall, een an d’Ongléck stierzen.
Et ass di permanent Sich no Léift, et ass di permanent Sich, verstanen ze ginn.“


D’Maryse seet:

„All Respekt un d’Jessica Mersch, jiddfereen deen de loin ou de près am sozialen Secteur actif ass, sollt dësen Témoignage liesen. En geet ënnert d’Haut!“


An dem Julie seng Wierder:

„Gudde Mëtteg,
Ech hunn d’Buch quasi an engem Zoch gelies. Ech hat et dunn gëschter Owend och schonn fäerdeg. Am Ufank war et fir mech bessen ongewinnt Lëtzebuergesch ze liesen, mee dat war och nëmmen eng Fro vun der Gewunnescht. Ech konnt d’Buch irgendwéi net fort leeën, et huet mech immens gefesselt, ech wollt ëmmer nees wëssen wéi et weider geet. Respekt esou een Thema an där Form opgegraff ze hunn. Et sinn immens vill Themen, déi gären ënnert den Dësch gekiert ginn. Et huet mech op jiddefall zum Nodenken bruecht.
Virun kuerzem hun ech eng kleng Aarbecht iwwert Depressioun geschriwwen an mat Hëllef vun dësem Buch ass mir dat alles nach eng Kéier vill méi däitlech ginn.
Super gutt geschriwwen 🙂
Eng Fortsetzung wéi d’Laura weider mat senger Depressioun ëmgeet wär och interessant. (Wéi säin Liewen weider verleeft asw)
Villmools Merci fir dëst ergräifend Buch.“


Cassandra seet:

„Dat Buch huet mäin Häerz gebrach. Et ass kuerz a knapp gehaalen an firun allem d‘Schreifweis war enorm angenehm ze liesen. Dat Lëtzebuergescht war einfach schéin.
Dem Laura säi Leidenswee ass kloer. Mir gi vum Ursprong vun der Geschicht chronologesch weider. Mä op eemol fällt een dann zréck an d‘Vergaangenheet, wat mech fir d‘éischt e bëssi verwirrt huet.

Ech sinn zefridde mam Buch a gläichzäiteg onzefridden. D‘Laura misst a sengem Liewen vill duerchmaachen an dat eent an dat aanert huet mech staark u meng eege Kandheet an och „Jugend“ arënnert. Deelweis sinn do leider och Saachen heichkomm, wou ech geduet hat, datt se scho längst verdaut wieren.
Et war immens spannend geschriwwen, et wollt een ëmmer wëssen, wéi et weidergeht. Mä ab engem bestëmmte Punkt hunn ech mech gefrot, op et net zevill des Schlechte wier? Esou vill Tabutheme goufen opgegraff a wonnerbar vun der Autorin op de Punkt bruet, mä manchmol war et mir net genuch erklärt ginn. An deelweis huet et sou gewierkt, wéi wann d‘Autorin einfach alles wollt erwähnen. All Tabuthema an ee Buch klacke wollt. Firun allem an deem Sprong an d‘Vergaangenheet zum Schluss. Obwuel dat am Gedankegang vun engem Mënsch jo och normal ass, datt een am Alldag an d‘Vergaangenheet reest.
Wat ech mech beim Liesen oft gefrot hunn: Wat schafft d‘Laura eigentlech? Wéi kann hatt säi Liewen oprecht erhaalen? Wou koumen d‘Suen hir? Wéi sinn d‘Kanner domadden ëmgaangen? Wat ass mat deem Papp geschitt, deen ufanks dach ëmmer sou gutt no senge Kanner gekuckt huet?

Mäi Fazit ass, datt mir d‘Buch gutt gefall huet. Et war spannend, richteg angenehm geschriwen an et brengt een och zum Nodenken. Mä mir hunn e puer Detailer gefehlt. Et huet gewierkt, wéi wann dat eng schnell erzielte Kuerzfaassung vu sengem Leidenswee gewierscht wier. Och wann dat schonn duergaangen ass, mir d‘Tréinen an d‘Aaen ze dreiwen. Well ech vill Situatioune kannt hunn…

Ech sinn e klénge Fan vun eisem Bichergeck an ech si frou, datt ech mir dat Buch kaaf hunn. An ech géif mech op weider Geschichte freeën. Do därf d‘Buch dann och roueg bëssi méi deck sinn, well de Schreifstil gefällt mer ☺️“


Tatjana:


 

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s