An dësem Roman steet de Weltënnergang virun der Dier, eis Protagonisten hunn nëmmen nach e Mount, ier e Komet alles zerstéiert.
Wéi geet d’Jugend mat dëser Noriicht ëm? Mir liesen d’Geschicht aus zwou Perspektiven, d’Lucinda erzielt der TellUs-App säi Leed a mir begleeden de Simon a senge leschte Wochen. Et ass beklemmend!
Si huelen kee Blat virun de Mond.
Si setzen sech mam Dout auserneen. Mam Glawen a mam Sënn vum Liewen.
Vum Mënsch bleiwe just Foussspuren um Mound iwwereg – déi Virstellung léisst Häerzklappen aus.

D’Protagonisten erliewen déi ganz Palette vu Gefiller. Angscht, Roserei, Trauer, Verzweiflung, Léift an Akzeptanz, et ass een Op an Of.

Wat mech un dësem Roman am meeschten erféiert huet, war net de Weltënnergang – de Mënsche war bewosst, dass si nëmmen nach e Mount ze liewen hunn. Si hunn ugefaangen iwwert d’Klimaerwärmung ze schwätzen, hunn den Dreck getrennt a vill méi bewosst an nohalteg gelieft.
Dat war eng kleng op de Bak, well mir hunn et nach an eiser Hand. Reagéiere mir och eréischt wann et ze spéit ass? Wéini léiere mir eis Äerd schätzen?
Dem Mats Strandberg säin éischte Jugendroman reegt zum Nodenken un – a leider kommen mir net gutt dobäi ewech.
D’Buch ass nawell liesenswäert!

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s