Connect, dësen Zukunfts-Thriller vum Julian Gough ass zënter haut um Marché – et war e phänomenalt Lieserliefnis. Danke Bertelsmann C. Verlag!
Dem Autor seng Schreifweis huet mech esou gefesselt, dass ech verschidde Säz a Passagen e puermol gelies hunn. Ech hu mir d’Bedeitung op der Zong zergoe gelooss. An dacks tëscht den Zeile gelies. Jo, ech hätt mech a verschiddenen Zitater a Metapheren verléiere kéinten. Ech hu gelaach. De Kapp gerëselt. Nogeduecht a vill Andréck verschafft. Ech war iwwert déi schmuel Grenz tëschent Realitéit a Fictioun verwonnert, et huet alles gepasst. Déi technesch Ausdréck hunn mech net ofgeschreckt, ech hu wahrscheinlech sou munches dobäigeléiert. D’Buch huet e bësse méi ewéi 600 Säiten, se hu mech zu kengem Moment erdréckt – ech hunn et schued fonnt, dass ech fäerdeg war.
Och wann Thriller um Buch steet, ech fannen dass et souvill méi ass – déifgrënneg, d’Geschicht steigert sech vu Kapitel zu Kapitel.
Den Titel Connect passt ewéi d’Fauscht op d’A, et geet nämlech net nëmmen ëm virtuell Realitéiten a Spiller, zwëschemënschlech Bezéiunge spillen och eng entscheedent Roll an der Geschicht. Et gëtt ëm Kommunikatioun a Versteesdemech. Ëm Léift. Sex. Mëssverständnisser, Experimenter an d’Technik vu muer. Et gëtt ëm d’Zukunft – déi net méi esou wäit ewech ass, wéi mir mengen! Et ass humorvoll an eescht. D’Protagonisten hu Charakter. An existenziell Problemer – et geet ëm Liewen an Dout, et ass Actioun pur. Wéilaang ass Wëssenschaft moralesch vertrietbar? Ab wéini ass se schlecht? Wou sinn d’Grenzen? Et gëtt alles hannerfrot …
Ganz éierlech? Liest et. Dir verpasst soss eng!

Dëst Buch ass e vun de Bicher, déi ech nach méi wéi eemol wëll (a wäert) liesen.

Thanks Julian Gough, it was awesome!

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s