Ziemlich wunderbares Leben

D’Abi huet säi Kampf géint de Kriibs gewonnen, elo muss hatt seng Plaz am ale Liewen erëmfannen, mä alles huet sech verännert. Säi Jong ass net méi de selweschten, säi Mann schéngt Problemer ze hunn. Seng Krankheet huet net nëmmen bei him Spuren hannerlooss. Fanne si en Auswee aus dem Däiwelskrees? Oder loossen se sech weider vun der Angscht bestëmmen?
Mir liesen d’Geschicht aus dem Abi an dem Seb (de Jong) hierer Perspektive, dat suergt fir Ofwiesselung. Et ass dacks emotional, d’Abi muss elo fir seng Famill kämpfen. Hu se nach eng Zukunft? Oder huet de Kriibs alles zerstéiert?

Ech hunn de Buchtitel e bëssen ironesch opgeholl – villäicht gesinn ech dat och einfach zevill pessimistesch. D’Geschicht ass traureg, duerch d’Kriibsthematik an den Humor hunn ech un d’Rabbit Hayes missen denken.
D’Geschicht sensibiliséiert de Lieser a weist wat fir Auswierkungen de Kampf an d’Krankheet mat sech bréngen. Och fir d’Famill. Wéi këmmert e sech richteg? Ouni sech selwer ze verléieren?

De Buchcover ass wonnerschéin ❤

Veröffentlicht in Diana

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s