Kill Creek

Wéi definéiere mir Horror? Oder en Horrorfilm? D’Äntwert op dës Fro fënnt sech an dësem Roman – e beschäftegt sech mat der donkeler Säit. De Kappkino ass direkt no e puer Säiten ugaangen.

Fir en Live-Interview treffe sech véier op Horror spezialiséiert Autoren an engem Haus. Dëst ass verflucht, zënter engem Muerd spukt et dobannen. Et huet kengem Awunner Gléck bruecht. Iergendwann fänken d’Awunner un sech onwuel ze fillen, si gesinn an héieren Saachen, déi net do sinn. Vu wat ginn si terroriséiert? Lieft nach eppes Béises am Haus? Oder ass et gutt? No engem Doudesfall ass kee méi sécher … Aus enger PR-Aktioun gëtt en Albdram.
Den Autor beschreift déi grujeleg Atmosphär esou, wéi ech mir normalerweis en gudden Horrorfilm virstellen. D’Beschreiwunge si bildhaft – an heiansdo bësse bluddeg.
Ech krut dacks Héngerhaut, d’Fantasi ass mat mir duerchgaangen. D’Handlung ass komplex; se spillt sech am Haus of. An awer net. Verschidden Autoren am Buch weisen Parallelen mat realen Schrëftsteller op, d’Ähnlechkeet huet mech grinsen gedoen. Et ginn verschidden Erzielperspektiven – esou léiere mir d’Charakteren an d’Vergaangenheet vun de Protagonisten besser kennen. Si ginn all ënnerscheedlech mat der Gefor ëm.

De Schluss war iwweraschend. An och typesch fir de Genre. Ech hoffen, dass dëst Buch verfilmt gëtt!

Veröffentlicht in Heyne

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s