Mir gefalen Bicher déi sech am australeschen Outback ofspillen.
D’Hëtzt, Dréchenheet, Bëschfeieren an op Waasser hoffen – dat gëtt den Thrilleren nach eng zousätzlech Portioun Drama. Et ass eng hëtzeg Atmosphär, all Dag ass e Kampf ëm d’Iwwerliewen! D’Gemidder sinn onberechenbar, et kann alles geschéien.

Mir begleeden de Journalist Martin op Rivers End, hie wëll en Artikel iwwert den Amoklaf vrun enger Joer schreiwen. Firwat huet de Paschtouer déi Leit ëmbruecht? Hat en e Grond? Duerch Gespréicher mat den Awunner fënnt de Martin eraus, dass nach vill méi hannert der Geschicht stécht. Hie probéiert d’Hannergrënn erauszefannen, e piddelt praktesch an engem Wespennascht ronderëm. Traumatesch Erënnerungen maachen him d’Ermëttele schwéier.
Wéivill Geheimnisser erdréit déi kleng Stad? Wien huet eppes ze verstoppen? Firwat hunn verschiddener Versteesdemech fir de Paschtouer? Et gi weider Doudesfäll? Fanne si de Mäerder? Fënnt sech d’Wourecht? D’Vergaangenheet an d’Géigewaart si fest mateneen verbonnen.

D’Buch war esou spannend, dass ech et an engem Rutsch duerchgelies hunn.

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s