Dëst Buch hunn ech sou gutt an Erënnerung well ech et als ebook gelies hunn. Dat kënnt net dacks vir, ech muss vill Pause maachen, meng Aen ginn séier midd. D’Maggie huet een Haus, e Mann, Kanner – et ass e solid Liewen. Duerch den Alldagstrott verléiert hatt sech. Ech hu mat him gelaach a gekrasch, et war emotional. Säi Mann ass him friemgaangen, eng Trennung steet virun der Dier, d’Maggie muss sech wuel oder iwwel selwer erëmfannen.
De Lieser begleet hatt e Joer laang. Kritt hatt sech an de Grëff? Ginn d’Problemer gemeeschtert? Gëtt et awer nach eng Zukunft fir si? Oder geheien se hiert alt Liewen op den Tipp? Wéieng Entscheedungen musse getraff ginn? Mat der Zäit fënnt hatt verluere Stäerkt a sech selwer erëm … Ech ka mir virstellen, dass d’Buch ville Fraen Courage mécht – zumools wann se sech aleng oder e bësse verluer fillen. Et ass eng Geschicht iwwert d’Liewen. Déi Gutt a schlecht Zäiten. Eng Geschicht iwwert Léift. Hoffnung, Ängscht, Dreem a Famill.

Danke Katharina Lankers!

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s