Khaos ass e Science-Fictioun-Roman aus dem Drachenmond Verlag.
Ech liesen dee Genre relativ wéineg, ech kann awer soen, dass dëst Buch e vu menge Favoritten ass.
Mir huet d’Bedeitung tëscht den Zeile gefall.

D’Daya huet et net einfach, hatt lieft op engem Gefängnisplanéit. Och déi aner Bewunner hunn et schwéier, si sinn scho laang op sech selwer gestallt. Well hatt eng vu de wéinege Fraen ass, lieft Daya a stänneger Angscht, et ass e grousst Gléck dass d’Männer hatt nach fir e Kand halen.
Duerch seng Fähegkeet Gefiller z’erkennen an a Séilen ze liesen, kann hatt sech dacks e Virdeel schaafen.
Enges Dages fënnt hatt e gudde Koup Kryokapselen – de Chef vu sengem Planéit zwéngt hatt d’Mënschen wakreg ze maachen.
Et si Super-Zaldoten, de Khaos ass e vun hinnen. Daya fillt sech vun him ugezunn, mä kann hatt dem Khaos vertrauen? Oder gëtt hatt just benotzt?
Wéi wäit däerf e goen fir seng Léifsten ze beschützen?

D’Geschicht ass düster, eppes anescht ass duerch d’Hannergrënn net z’erwaarden.
Gläichzäiteg ass se voller Hoffnung, et fënnt e Léift wou se net z’erwaarden ass …
Dem Daya seng Entwécklung ass staark – vum onséchere Meedchen zur selbstbewosster Fra, déi fir hir Prinzipien asteet!

Ech hätt näischt dogéint nach een Deel mat dësen sympatheschen an aussergewéinleche Protagonisten z’erliewen.

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s