Den Jack ass een onsympathesche Charakter – e passt perfekt als Protagonist. Hien ass Schrëftsteller, säin Buch soll iwwert paranormal Erliefnisser handelen. Hien wëll dat Ganzt an d’Lächerlecht zéien, leider kritt hien ze spéit mat, dass en a senger perséinlecher Häll gelant ass.
Seng Recherchen féieren hien an Italien, den Jack däerf bei engem Exorzismus nokucken, ausserdeem suergt en ominéist Youtube-Video fir Zweifelen. Gëtt et awer Dämonen, Geeschter, dat Gutt a Béist? Op der Sich no Äntwerten verléiert den Jack de Bezuch zur Realitéit …
Wat soll hie gleewen? Erlieft hien dat wierklech oder hëllt en zevill Drogen?
Wat ass wouer? Ass alles Show?
D’Handlung huet mech an hiere Bann gezunn, ech hu mer e puer Froen iwwert Paranormales gestallt, ech war net méi esou skeptesch.
Et ass en Horrortrip, eng däischter Rees op där den Jack nach villes iwwert sech selwer léiert.

D’Schreifweis vun dësem Buch ass speziell, d’Geschicht liest sech nämlech ewéi dem Jack Sparks säi Manuskript – mat Bemierkunge fir seng Lektorin a Randnotize vu sengem Brudder.
Och wann et een Horrorroman ass, ech hunn eréischt ugefaangen mech beim Schluss ze gruselen, dee war nawell gelongen a richteg gutt. Ech war faszinéiert.

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s