Adriana – Zwischen den Welten ass e fantasteschen Roman aus dem Drachenmond Verlag.
Mir begleeden eis Protagonistin op engem laange Wee, hatt ass well 300 Joer al.

Mir léieren hatt a senge jonke Joeren kennen – hatt verléift sech an ass iwwerglécklech. Duerch tragesch Ëmstann verléiert hatt den Nathan erëm, seng Famill schéckt hatt an eng Anstalt.
Do verléiert hatt de Glawen un d’Mënschheet an all Hoffnung, et wonnert keen, dass d’Adriana een Deal mat engem Schleierwiese mécht. Hatt gëtt verwandelt.
D’Erënnerung u säin Nathan léisst him säi leschte Fonke Mënschheet, se gëtt him Kraaft.
Hatt wëll net, dass den Haass Iwwerhand hëlt.

300 Joer dono lieft den Nathan och nach ëmmer – hien ass e Jeeër, d’Schleierwiese si seng Spezialitéit.
Seng Welt brécht auserneen, wéi e matkritt, dass seng al Léift mëttlerweil zum Feind gehéiert.
Wéi reagéieren déi zwee wa se sech erëmgesinn?
D‘ Schleierwiesen hunn immens vill Emotiounen a mir wakreg gekëddelt – och wa se béis sinn a sech vun negativen Gefiller ernähren – se hu mir leed gedoen. D’Atmosphär am Buch am zimmlech düster. Et ass nozevollzéien.

De Schluss huet mir d’Häerz gebrach, ech hätt mir een anere gewënscht, mä dat hätt wahrscheinlech net esou gutt gepasst.

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s