Der Kinderflüsterer

Der Kinderflüsterer ass e soliden Thriller mat enger gudder Portioun Mystery.
Den Tom brauch nom Dout vu senger Fra een Neiufank. Zesumme mat sengem Jong Jake plënnert hien an een alt Haus mat Charme. Déi kleng Stad Featherbank huet eng donkel Vergaangenheet, virun 20 Joer si kleng Kanner verschwonnen. An och ëmkomm. De Mäerder ass am Prisong, d’Awunner sinn ausser sech, ewéi erëm e klenge Jong verschwënnt.
Deemools huet en d’Kanner ugeflüstert, den Tom ass beonrouegt, säi Bouf héiert dat Flüsteren nämlech och.
Hat de Mäerder deemools e Komplize?
D’Geschicht ass spannend, se gëtt ofwiesselnd aus dem Tom an dem Jack hirer Perspektive erzielt.
Ausserdeem kréie mir nach d’Siichtweis vum Polizist Willis ze liesen – hien war virun 20 Joer fir de Kinderflüsterer-Fall zoustänneg.
Op der Sich no der Wourecht mierken déi dräi Protagonisten, dass de Mäerder méi no ass, wéi se mengen.
De Buchcover ass beandrockend, no e puer Kapitelen versteet de Lieser direkt firwat en tipptopp passt.
Ech si selwer Mamm, dofir hunn ech mech dacks misse grujelen – den Autor spillt perfekt mat den Ängscht vun den Elteren!

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s