Kleine große Schritte

Blond Hoer, blo Aen
Aresch Kämpfer

White Power – d’Buch ass voll mat dësen Ausdréck, ech war schockéiert. Dorop huet d’Autorin et ugeluecht – et ass hir gutt gelongen!

D’Thema ass Rassimus, d’Geschicht kléngt nach laang no! Leider …
D’Ruth ass Hiewamm, frësch Elteren wëllen net, dass hatt hire Puppelchen upéckt. Si hunn eppes géint seng däischter Hautfaarf.
De Bébé stierft a beemol gëtt d’Ruth ugeklot – hatt hätt deem Klengen d’Liewe geholl, him net uerdentlech gehollef. Fir d’Ruth a seng Famill brécht eng Welt auserneen, duerch dës Tragedie bemierkt hatt nach vill Ënnerscheeder tëscht schwaarz a wäiss.
Seng Verzweiflung a Roserei war nozevollzéien.
Gëtt hatt veruerteelt? Oder suergt seng wäiss Avekotin fir Gerechtegkeet? Ka si sech iwwerhaapt fir hatt asetzen? Hatt verstoen?
D’Bléckwénkel am Buch änneren heiansdo, mir liesen d’Geschicht aus dem Ruth senger Perspektive. Seng Avekotin an dem Bébé seng Elteren kommen och zu Wuert – doduerch fält op, dass eng Saach ganz anescht vun deem engen, ewéi vun deem aneren opgeholl gëtt.
Mir hunn d’Wierder gefeelt!
Firwat? Dës Fro ass mir andauernd am Kapp ronderëm gegeeschtert.
D’Autorin hunn gutt recherchéiert, mir geheien e Bléck an rietsextrem Familljen, de Lieser erlieft sou munch Ongeheierlechkeet.
An eng grouss Iwweraschung – d’Kiischt um Kuch.

Wou geet Rassimus un? No der Lektüre fannen ech, dass sech déi Fro leider net esou einfach beäntwerte léisst, ewéi geduecht.
E verännert d’Siichtweis op alldeegleches, en ass nämlech iwwerall.
Et gëtt zevill an Tiräng geduecht …
Dofir fannen ech d’Buch staark, et geheit alles op d’Kopp a sortéiert sech nei an.

D’Buch schockéiert genee esou vill ewéi American History X – villäicht nach méi, well sech d’Geschicht am Kapp ofspillt.

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s