Die Stille des Todes

Dësen Thriller spillt sech am Baskenland of, en huet eng ganz eegen Atmosphär, ech krut richteg Loscht duerch Stroossen ze trëppelen an d’Kathedral mat eegenen Aen ze gesinn – Google huet mir e bëssen gehollef 😆

Et war beandrockend – d’Autorin kënnt sech zu Vitoria aus, et léiert een villes iwwert Feierdeeg an d’Kultur vum Baskenland.
Dat huet mir immens gutt gefall!

An der Kathedral ginn zwou Läiche fonnt, e Mann an eng Fra.
Den Unai, och genannt Kraken a seng Kollegin Esti ginn op de Fall ugesat, d’Bewunner sinn besuergt. Virun 20 Joren goufen et schonn ähnlech Doudesfall, et gesäit no deem selweschte Mäerder aus, dat kann allerdéngs net sinn, dee sëtzt am Prisong.
Oder ass en onschëlleg?
Et ass eng Course géint Zäit, de Mäerder bedreet d’Ermëttler a spillt mat hinnen. Et schéngt, wéi wann en ëmmer e Schratt virausdenke kann.
Wouhier hëlt en seng Informatiounen?

A Réckblécker liese mir, wéi eng onglécklech Fra an de 70er Joren eng Affär ufänkt, mat der Zäit gi mir gewuer, dass dës Geschicht de Schlëssel zu allem ass.
D’Stëmmung ass bedréckend, emotional an traureg.
Wäert de Kraken d’Wourecht mat Zäiten erausfannen? Oder ginn nach vill Mënschen ëmbruecht?
D’Charaktere sinn gutt gezeechnet, ech hunn d’Famillje kennegeléiert an e Bléck an hiert Privatliewe geheit, et ass eng gesond Mëschung tëscht allem.
D’Buch huet iwwer 500 Säiten – et ass zu kenger Zäit langeileg. D’Kapitelen si kuerz a knackeg, d’Säite liese sech séier …

‚Die Stille des Todes‘ ass den Ufank vun enger Trilogie, den zweeten Deel däerf och a mäi Bicherregal plënneren.

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s