Dëst Jugendbuch thematiséiert psychesch Erkrankungen – esou real, dass et scho beängstegend ass.
Et war hefteg, mir sinn d’Schudderen de Réck erof gelaf. Ech hunn et erschreckend fonnt, ewéi gutt ech mech mat der Protagonistin identifizéiere konnt – mat senge Gefiller an de Monsteren, déi hatt bekämpfe muss.

Nodeems Tamar gewuer gëtt, dass seng Frëndin Iris gestuerwen ass, hält hatt sech fir e Mäerder. Seng Scholdgefiller erdrécken hatt, hatt verlaangert nom Dout. No Erléisung.
Hatt ass schwéier depressiv, no enger Zäit gëtt hatt zwangsagewissen. Säin Alldag am Spidol ass monoton – d’Therapie, d’Patienten, d’Gefiller, et ass all Dag dat selwescht.
Wéi stellt hatt sech seng Zukunft vir? D’Äntwert drop ass schwéier ze fannen, d’Tamar muss sech vir d’éischt kenneléieren. Kritt hatt seng Dämonen bekämpft?
Oder verléiert hatt sech an där negativer Gedankenspiral?

D’Buch ass net fir jidderee geduecht, et geet ënnert anerem ëm Selbstverletzung, Iessstéierungen, psychotesch Phasen, Suzidgedanken a villes méi.
Et sensibiliséiert.
Op enger Skala vun 1 bis 10 – ech si frou, dass ech d’Buch gelies hunn.

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s