D’Lake steet kuerz viru sengen 18 Joer, dat ass an dëser Geschicht e besonneschen Alter – et gëtt een net nëmmen erwuessen, et huet een och eng wichteg Entscheedung ze treffen. Mat der Volljähregkeet kënnen se nämlech een Doudegen operstoen loossen. Fir déi ganz Famill ass kloer, dass dat dem Lake säi Brudder wäert sinn, hien ass zënter engem trageschen Accident am Rollstull. Säi Liewen ass esou net liewenswäert – fir en Neiufank géif e gäre stierwen.
Mä da stierwt säi Frënd a seng beschte Frëndin. D’Lake stécht an engem moraleschen Dilemma, fir wien soll hatt sech entscheeden?
Hatt huet se allen dräi gären.
Ass et richteg Gott ze spillen? Soll en déi Doudeg net einfach roue loossen?
Dem Lake seng Verzweifelung ass op all Säit ze spieren, a Réckblécker léiere mir seng Frënn a Famill besser kennen.
Zumools d’Bezéiung tëscht him a sengem Brudder gëtt an de Fokus gestallt, duerch de Rollstull huet de Matt sech zu engem negative Charakter entwéckelt. Hien ass esou zynesch, dass ech souguer verstoe géif, wann d’Lake sech fir seng Frënn entscheede géing – mä et kënnt anescht ewéi mir mengen.

Et gëtt net nëmmen ëm d’Liewen an den Dout – Trauerbewältegung spillt och eng grouss Roll an dësem Drama.

D’Buch huet en iwweraschende Schluss, en huet mech zum Nodenke bruecht. De Roman ass philosophesch, ech war beandrockt.

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s