D’Sofia ass mat sengem Studium fäerdeg, hatt huet keng Aarbecht an eng schwéier Trennung hannert sech.
Hatt léiert de Franz Oswald kennen, e charmante Mann mat enger ganz eegener Liewensastellung, déi hie mat engem Grupp vu Leit op enger Insel praktizéiert. Ewéi d’Sofia d’Méiglechkeet huet eppes op Via Terra opzebauen an ze schaffen, zéckt hatt net laang.
A rennt a säi Verdierwen.
Et gëtt just eng schmuel Grenz tëscht Gaascht a Gefaangener, den Oswald weist no enger Zäit säi psychopatescht Gesiicht – fir d’Sofia gëtt et bal keen Auswee méi.
Et ass spannend awer och beängstegend ze liesen, wéi einfach Mënschen sech manipuléiere loossen. Wéi séier se virum Alphadéier kuschen a wéi bedéngungslos se follegen.
Fënnt d’Sofia Frënn déi him hëllefen oder si se all blann fir d’Wourecht?

A Réckblécker léiere mir eng weider Persoun kennen – se ass zimmlech manipulativ a psychesch gestéiert.
De Schluss weist, ewéi dat Ganzt zesummen hänkt.

D’Autorin war 25 Joer laang an der Scientology-Sekt, obwuel de Roman fiktiv ass, kann een dovunner ausgoen, dass si hier eegen Erfahrunge mat dësem Buch verschafft huet. Si wëll virun dësem Däiwelskrees warnen.

Dem Sofia säi Kampf an dësem Buch ass nach laang net eriwwer, et ass den éischten Deel vun enger Trilogie. Ech si schonn op den zweeten Deel gespaant …

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s