The Dry vum Jane Harper heescht mëttlerweil Hitze an huet en anere Buchcover. Ech sinn drop opmierksam ginn, well ech mir dem Neal Shusterman säin Dry bestelle wollt – ech hat bal dat falscht Buch erwëscht. De Klappentext huet mech virwëtzeg gemaach – ech hunn et gelies.
Et ass eigentlech kee richtegen Thriller oder Krimi, duerch déi tragesch Liewensëmstänn géif ech éischter soen, dass et een Drama ass. D’Geschicht ass mënschlech, et ass schwéier ze beschreiwe wat ech domat mengen – Dir musst et liesen, fir ze verstoen.
D’Handlung spillt sech am australeschen Outback of, eng Dürre huet d’Gebitt fest am Grëff. D’Mënsche si verzweifelt, d’Hëtzt mëscht hinnen ze schafen, et gëtt fir d’vrecke kee Reen.
Nodeems de Farmer Luke, seng Fra an hiere Bouf dout opfonnt gi sinn, kippt d’Stëmmung komplett. Ass en tatsächlech duerchgedréit oder huet en d’Famill um Gewëssen? Firwat gouf de Puppelchen liewe gelooss? Wéilaang dauert et, bis dass deen nächsten e Kuerzschloss huet?
Dem Luke säi Jugendfrënd Aaron, e Polizist kënnt op d’Begriefnis, hie gëtt vum Papp gefrot fir z’ermëttelen – mä sinn se op d’Wourecht virbereet?
D’Äntwerten fannen sech an der Vergaangenheet, de Luke an de Sergeant Raco setzen de Puzzle Stéck fir Stéck zesummen.
Duerch Réckblécker an d’Vergaangenheet léiere mir d’Charakteren nach e bëssen besser kennen.
Der Autorin hier Schreifweis ass beklemmend, ech konnt d’Hëtzt scho bal spieren an de stëbsegen Buedem richen.
Et ass bestëmmt net einfach do ze liewen an all Dag op de Reen ze waarden. Ze hoffen. Et ass e Kampf ëm d’Existenz.

Ech sinn op dem Aaron Falk säin nächste Fall gespaant, d’Buch misst a puer Deeg bei mir ukommen …

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s