O mäi Gott, ewéi ech gesinn hunn, dass d’Anna McPartlin nees e Buch iwwert d’Hayes-Famill geschriwwen huet, sinn ech bal vru Freed duerchgedréit! Mäi Mann huet et direkt bestallt. Merci! ❤
Ech erënnere mech nach ganz genee u meng Kräischattacken, ech war gespaant wat mech erwaart.

D’Buch ass emotional, et war wéi wann ech Besuch vu gudde Frënn kritt hätt – och wann de Grond traureg war.
D’Mamm, d’Rabbit ass u Kriibs gestuerwen, d’Famill trauert – jiddereen geet anescht domat ëm.
Trauer huet vill Gesiichter, et ass wichteg keng Ënnerscheeder ze maachen. Se akzeptéieren, d’Gefiller zouloossen. Verdrängung mécht alles schlëmmer.
Op den éischte Säiten erliewe mir dem Rabbit seng lescht Momenter nach eemol, dono erliewe mir wat fir Auswierkungen de Verloscht fir déi aner Familljemember huet.
Mir liesen d’Geschicht aus de verschiddenste Perspektiven – d’Molly an den Jack, dem Rabbit seng Eltere kommen zu Wuert.
D’Grace an den Davey seng Geschwëster erliewen an där Zäit och vill, d’Juliet säi Meedchen muss domat eens ginn keng Mamm méi ze hunn – an dann ass do nach d’Majorie, dem Rabbit seng beschte Frëndin. Ouni seng aner Halschent fillt hatt sech onvollkommen, déi ganz Famill muss hir Identitéit erëmfannen. D’Liewen. An och de Glawen.
Wien sinn si ouni d’Rabbit?
Déi éischt puer Kapitelen sinn esou emotional, dass et scho bal net auszehalen ass, et ass onméiglech, d’Buch an enger Kéier ze liesen.
Ech hu vill Pause gebraucht.
No e puer Kapitelen mécht d’Buch een Zäitsprong – et ass e Joer vergaangen. Dës zwielef Méint weisen dem Lieser, dass Zäit net all Wonn heelt. D’Famill Hayes stécht an enger Kris, si hunn all méi oder manner grouss Problemer. Si sinn verluer. Ech hu se Säit fir Säit begleet, d’Hoffnung ass Stéck fir Stéck erëmkomm …
De Schluss ass perfekt – typesch Hayes eben. D’Liewen an den Dout matenee verbonnen.
De Buchtitel schwätzt mir aus der Séil. Für immer Rabbit ass en Häerzensbuch. Fir ëmmer.

Ech hu gelaach, gekrasch a villes vun dëser aussergewéinlecher Famill geléiert.
Den Dout gehéiert zum Liewen dozou, d’Buch léisst e verstoen, wéi wichteg all Dag ass. Et ass net selbstverständlech.
Ech si frou, dass d’Anna McPartlin an dës geckeg Famill mech nees drun erënnert hunn.
Ech passe besser op mech op.
Versprach! Fir mech, fir meng Kanner, fir eis Zukunft.

Wann Dir d’Buch liese wëllt – leet Iech onbedéngt en décke Pak Nuesschnappecher op d’Säit!
Ech hu se gebraucht, no menge Kräischattacken hunn ech mech ewéi nei gebuer gefillt, esou ass et mir och schonn mam éischten Deel gaangen. Am Buch gëtt et e passende Saz dozou: „Et brécht engem d’Häerz a baut een nees op.“

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s