The Silence

Horrorfans komme bei dësem Buch op hir Käschten, ech konnt et laang net ewech leeën, ech hu bis spéit an d’Nuecht eragelies – an dono war ech esou paranoid, dass ech kee Kaméidi gemaach hunn, all Schied huet bedreelech gewierkt 😆
D’Kreature goufen esou bildhaft beschriwwen, ech si frou, dass ech net vun der Apokalypse gedreemt hunn.
Et war e Schreck d’Kichefënster opzemaachen an eng Fliedermaus ronderëm fléien ze gesinn – mir sinn d’Schudderen de Réck erofgelaf.Eng onbekannten Déierenaart entkënnt aus enger Höhl, d’Medien nennen se Vesps, och wa se éischter fléienden Rate gläichen.
Si sinn blann a se maachen Juegd op alles, wat Kaméidi mécht. Et ass e Massaker, et brécht eng weltwäit Panik aus. Si leeën Eeër a verbreede sech ganz schnell – d’Mënschheet steet virum Ënnergang. Si geroden a Panik, plëmme Geschäfter, se ginn agressiv vrun Angscht.
Den Iwwerliewenswëllen huet eppes animaleschen bei verschiddenen ausgeléist, anerer ginn op.
Gëtt et iwwerhaapt Hoffnung?
Et ass Chaos! Stellt sech d’Fro, wie méi eng grouss Gefor fir d’Mënschen ass – si selwer oder d’Vesps?
Wéi sollen se sech virun dëser Bedrohung schützen? Wou ass et roueg? Wéilaang kënne si roueg sinn?
Et ass eng beklemmend Atmosphär …
Am Mëttelpunkt vun dësem Roman steet d’Ally a seng Famill, ech hunn et eng gutt Iddi fonnt, dass d’Protagonistin stomm ass – duerch Zeechesprooch erhéicht sech d’Chance minimal fir ze iwwerliewen.
D’Geschicht gëtt ofwiesselnd aus dem Ally a sengem Papp hierer Perspektive erzielt.
Zwëschenduerch liese mir och Twitterauszich oder d’Noriichten, dës kuerz Passagen hu mir gehollef e bëssen Ofstand virun de Vesps ze huelen.
De Schluss ass zimmlech oppen, ech hunn dat gutt fonnt, et léisst Plaz fir eegen Interpretatiounen.Ech hunn déi limitéiert Ausgab aus dem @Buchheim Verlag ergattert, et ass e richtegt Schmockstéck – mat passenden Illustratiounen.Et gëtt och eng Buchverfilmung – d’Dvd kënnt Enn des Joers eraus, ech sinn op d’Ëmsetzung gespaant.

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s