Mat dësem Buch aus dem Drachenmond Verlag maache mir nees en Ausfluch an déi griechesch Mythologie. Eigentlech wollt ech just kuerz eraluussen – an dunn hat ech d’Geschicht ausgelies, d’Rya hat mech fest am Grëff.
Hatt war ganz, ganz laang eng Statue, e Museum war säin Doheem.
Schlëmm dorunner war, dass hatt alles matkritt huet, hatt konnt sech just net matdeelen a beweegen.
Bis dass den Nick opgetaucht ass, hien huet hatt mat engem Kuss wakreg gekusst.
D’Rya ass endlech lieweg – a schonn geréit hatt an e Kampf tëscht Gutt a Béis. D’Chemie tëscht deenen zwee passt, mä Gefiller sinn op dëser Missioun just am Wee.

Hatt ass virwëtzeg, et ass e Schmunzeler wäert wann d’Rya ons modern Saache kenneléiert a keng Ahnung huet, wat domat ufänken 😆
Déi zwee Charaktere ware mir immens sympathesch, d’Autorin huet alles authentesch geschriwwen, et war eng Freed mir alles bildlech virzestellen.
Ech si mystesche Gestalte begéint, ech hu Götter kennegeléiert an Zauberer bei hiren Tricker iwwert d’Schëller gekuckt.
Dem Rya seng Entwéckelung vun der Statue zu enger kampfbereetener Fra war d’Buch derwäert.
Wéi wäit wäert hatt goen? Ass nach Plaz fir d’Léift oder gëtt hatt se op?
Ech gouf net enttäuscht, ech verstinn net, firwat ech mech soulaang géint Fantasy gewiert hunn.
D’Autorin huet alles richteg gemaach, ech muss onbedéngt nach e Buch vun him liesen!

Mir léieren villes iwwert Gorgonen an de Perseus, ech hunn dat esou interessant fonnt, dass ech dono nach stonnelaang gegooglet hunn.

 

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s