D’Mara ass dem Dout sou just vun der Schëpp gesprongen, hätt hatt d’U-Bahn kritt, wier hatt en Affer vun enger Bommenattack ginn.
Et war een traumatescht Erliefnis, alles huet sech verännert – säi Charakter a seng Siichtweis op d’Welt. Hatt huet d’Kontroll iwwert seng Gefiller verluer.
Hatt huet iwwerlieft – seng Gedanken sinn awer net bei den Affer, hatt muss u seng Frëndin Sirîn denken, hatt ass nämlech net méi errechbar.
A grad elo géif hatt den Trouscht gutt gebrauchen!
D’Sirîn ass Türkin, verstoppt d’Famill hatt, well si denken, dass et och an Däitschland net sécher ass?
Oder wat stécht dohannert?
A Réckblécker gi mir gewuer, wéi d’Frëndschaft tëscht den ongläichen Meedercher entstanen ass. Wéivill si sech bedeiten.
D’Geschicht gëtt aus dem Mara senger Perspektive erzielt, Whatsapp-Noriichten a Meldungen aus de sozialen Netzwierker ronnen dat Ganzt of.
D’Geschicht huet mech beréiert, ech hu mam Mara gelidden.
Am Buch geet et net haaptsächlech ëm den Terrorakt, Trauerbewältegung, Verdrängung, Famill, ënnerscheedlech Kulturen a Frëndschaft spillen eng grouss Roll.
De Schluss koum net iwweraschend – de Schock war trotzdem grouss, e reegt zum Nodenken un.
Ech géif gäre wëssen, wéi et dem Mara ergaangen ass – huet hatt sech erkritt?
D’Liese lount sech, d’Buch gehéiert definitiv an eng Schoulbibliothéik!

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s