Dëst Buch ass duerch seng dräi verschidden Erzielsträng an Zonen zimmlech schwéier ze liesen – et ass awer all Säit derwäert.
Am 14te Joerhonnert léiere mir d’Masali kennen, si liewen an engem verstopptene Klouschter. Et si just e puer Männer a Fraen. Si erzielen Geschichten, déi dann an eis Welt entlooss ginn.
D’Masali liewen am Zölibat, wa se sech net drunn halen, gi si vum Grimm heemgesicht a geckeg.
Hien ass de béise Wollef an dësem Buch!
Duerch d’Geschichten gëtt nach eng aner Welt geschaf – Abalion.
Abalion ass geheimnisvoll a mëttelalterlech an och dem Ash seng Heemecht.
Hien ass en sympatheschen Näischtnotz, andauernd stécht en a Schieregkeeten.
D’Kristin lieft an eiser Géigewaart, hatt kann tëscht den Zeilen liesen, hatt erkennt an all Text seng richteg Bedeitung.
Säi Brudder Brayden ass bei enger Special Task Force, si ënnersichen grausam Doudesfäll déi de Grimm Märecher gläichen.
Wien huet de Fluch op d’Welt lassgelooss?
Et ass e Kuddelmuddel, ufanks hunn ech geduecht, déi eenzel Erzielsträng hätten näischt mateneen ze dinn, dat ass awer net esou.
Zäit ass an dësem Fall relativ, no an no kritt alles seng Bedeitung.
Ouni déi eng Welt, kann déi aner net existéieren, iergendwéi schéngen se all a Gefor ze sinn, d’Grenze verschwammen.
Kann de Grimm mat Zäite fonnt ginn? Wat ass real? Wiem kann hatt vertrauen?

D’Buch ass den éischten Deel vun enger Dilogie, de Schluss war zimmlech fies – eng iwweraschend Wendung huet mech erwaart, am Oktober kann ech endlech weiderliesen.
Der Autorin hire Schreifstil ass detailléiert, d’Biller déi dem Lieser virun den Aen opgetaucht sinn, si wonnerbar. Alles passt zesummen.
D’Handlung huet mech dacks iwwerascht!
Ech si frou, dass ech net laanscht den Drachenmond Verlag komm sinn ❤

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s