E Meedchen gëtt entfouert a ka viru sengem Peiniger fortlafen – mat dëser Handlung gouf d’Rad net nei erfonnt, mä et ass eng gutt Basis fir e Psychothriller.
Ech muss soen, en ass der Autorin ganz gutt gelongen, ech war begeeschtert!
D’Susan ass iwwerglécklech säi Meedchen Madelin erëm ze hunn, leider hält d’Gléck net laang un. An dësem Fall just e puer Säiten. Nodeems hatt vum akafen erëm ass, fënnt hatt säi Mann blesséiert an der Kichen, dat Jéngst Harper schwätzt kee Wuert an d’Madelin ass spuerlos verschwonnen.
War et Noutwier? Huet de Stéifpapp him Avance gemaach?
Oder huet säin Entféierer hatt fonnt? Ass hatt fortgelaf? Wa jo, viru wiem?
D’Police setzt alles dorun d’Madelin erëm ze fannen, de Fall ass allerdéngs méi komplex ewéi geduecht.
D’Madelin schéngt sech elo Amy ze nennen, heinsdo kann de Lieser e Bléck a seng Vergaangenheet a Géigewaart geheien.
Onvirstellbar, wat dëst Meedchen joerelaang matgemaach huet, et ass e Wonner, dass hatt nach lieft!
Hatt ass schwéier traumatiséiert.
Wäert hatt sech vun den psycheschen a kierperlechen Blessuren erhuelen?
Während dem Amy senger Flucht, kritt de Lieser mat, dass säin Entféierer him zimmlech no kënnt.
Kann hatt iwwerhaapt engem Mënsch vertrauen? Oder si se just schaarf op säi Kierper?
Gëtt et e Maulwuerf bei der Police?
Wat passéiert wann hatt fonnt gëtt?
Fannen d’Poliziste matzäiten eraus, wou d’Amy sech ophält? Oder komme si ze spéit?
Nodeems eng weiblech Läich fonnt ginn ass, geréit alles ausser Kontroll!
Wien ass déi doudeg Fra? Wat hunn d’Polizisten iwwersinn? Hu si e Feeler gemaach?
D’Wourecht ass nach méi grausam wéi Dir mengt – mä dat musst Dir selwer erausfannen!

D’Buch ass zënter haut um Marché, et ass eng Neiheet aus dem Rowohlt Verlag!

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s