Direkt am Ufank vum Buch kréie mir e klengen Abléck an dem Matthias seng Aarbecht, hien ass akusteschen Profiler. Kuerz drop erkläert hien sengen Aarbechtskollegen, de Polizisten, dass hien eng Fra ëmbruecht huet.
Hie kënnt an de Prisong.
D’Jula huet e Podcast, hatt huet et sech zur Aufgab gemaach Justizaffer ze fannen an d’Fäll opzedecken. E fréiert traumatescht Erliefnis huet zu dësem „Hobby“ gefouert.
Hatt gëtt op de Matthias opmierksam, et ass schnell kloer, dass de Fall mysteriéis ass. A geféierlech. Firwat ass hien am Prisong, wann e schéngbar onschëlleg ass? Op der Sich no der Wourecht geréit d’Jula a Gefor. Vertraut hatt de richtege Leit? Oder mécht hatt grad en immens grousse Feeler?
Ech hunn et e bësse schued fonnt, dass den Matthias a säin absolut Gehéier ze kuerz komm sinn, ech hätt him méi Plaz gegënnt, esou ass hie mir leider just ewéi eng Randfigur virkomm.
Duerch de villen Dialog liest sech d’Buch ganz séier, souguer d’Virwuert ass en zweete Bléck derwäert.
Um Buchcover steet den Numm Sebastian Fitzek – den Thriller baséiert op engem Hörspill vun him – also éischter op enger Iddi 😉. Doduerch sinn ech drop opmierksam ginn, dat nächst Buch wäert ech mir zouleeën, well Vincent Kliesch drop steet. Ech sinn elo zimmlech virwëtzeg op weider Bicher vun dësem Autor.

D’Buch Auris ass genial – den iwweraschende Schluss huet mir Loscht op méi gemaach. Ech sinn direkt op d’Homepage vum Autor kucke gaangen, do ass schonn een Häppchen vum zweete Band ze fannen, fir de Recht muss ech mech leider bis d’nächst Joer gedëllegen.
Et stinn nämlech nach vill Froen op, hoffentlech ginn déi beäntwert. Am éischten Deel konnte mir d’Charakteren an hir Perséinlechkeet kenneléieren, villäicht ass am zweeten Deel méi Actioun dran.

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s