Dëst Buch ass kee Märchen – et sinn der ganz vill beieneen. Se si vermëscht mat eiser moderner Zäit, ech hu vill iwwert den herrlechen Humor missen laachen!
Mir léieren Prinzessine kennen, d’Rotkäppchen (d’Red), den Hook, de Märchewald, Wonderland, Neverland a sou vill méi – et gëtt allerlee ze entdecken! 😀
D’Prinzessine sinn ausser sech, hier Männer si verschwonnen.
Wat ass mat hinne geschitt? Ass eng béis Hex dru Schold?
D’Frëndinne beschléisse sech op d’Sich ze maachen – wat heiansdo éischter engem Amoklaf gläicht.
D’Prinzessine kënnen nämlech impulsiv sinn.
Si si elo iwwerhaapt nach déi Gutt?
A wien ass Béis?
Wou gëtt d’Grenz gezunn?
Gott sei Dank ass d’Red mat dobäi, hatt ass wahrscheinlech deen hellste Kapp vun där ganzer Band.
Duerch seng Begéinung mam Everton – engem Wollef, kënnt hatt sengem Happy-End méi no.
Oder klappt säin Häerz fir een anere Mann? Kann hatt zwee Männer gläichzäiteg gären hunn?
D’Zäit wäert eis d’Wourecht weisen – d’Buch ass nämlech den éischten Deel vun enger ganzer Rei!
Während dem Liesen hunn ech villes aus menger Kandheet eremfonnt – Personnagen, Landschaften, Magie an Dreem, ech hu Säit fir Säit genoss.
Wéieng Problemer wäerten eis Protagonisten léise mussen? Wéieng Affer bréngen?
Huet villäicht een eppes ze verstoppen? Gëtt mat falsche Kaarte gespillt? Huet den Hutmacher seng Fanger am Spill?
Ech freeë mech op den zweeten Deel a si gespaant, wat eis Prinzessinnen erausfanne wäerten.
An iwwert wat si bloggen – Social Media spillt nämlech och eng Roll an dëser interessanter Märchenadaptioun.
Ee Selfiestick kann een nach fir villes gebrauchen – loosst Iech iwweraschen!

A pakt Nuesschnappescher an, Tréine kéinten Iech vru Laachen d’Baken eroflafen, d’Prinzessinegang ass fir sou munch Iwweraschung gutt 🤣 …

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s