Lautlos vum Anouk Mahr huet mech ouni Wierder hannerlooss, et war no laanger Zäit nees ee Luxemburgensia-Roman, deen ech am Grapp hat.
Opfalend ass fir d’éischt emol de Klappentext, en ass fir um Buch ze fannen. An d’Buchcover ass hannendrop.
Nodeems ech d’Geschicht gelies hunn, fannen ech dat nawell méi wéi passend. Villäicht ass et awer och een neit Konzept vun den Editions Guy Binsfeld.
An dësem beandrockende Roman léiere mir d’Lucinda kennen.
Hatt leit zënter engem traumateschen Erliefnis ënnert Mutismus – hatt kann net méi schwätzen.
Wat mech zudéifst beréiert huet, war dem Lucinda seng Stëmm, och wann hatt net geschwat huet – ech hunn hatt héiere jäizen.
Et war schéin seng psychesch Entwéckelung mat ze erliewen a sou munch Familljegeheimnisser opzedecken.
D’Buch fänkt mat engem Neiufank un; d’Famill plënnert an hatt geet endlech nees an eng Schoul.
Ass dat eng gutt Iddi? Fënnt hatt Frënn? Oder meiden seng Matschüler dat komescht Meedchen?
Ech gouf vun de Charakteren iwwerascht. An och vu Päerd – déi grouss Déiere spillen eng grouss Roll an der Geschicht.
D’Lucinda ass séilesch nach net wierklech prett, mä lues awer sécher meeschtert hatt all Erausfuerderung.
Ob dat neit Liewen him seng Stëmm erëmbréngt? Wéi wäit muss hatt dofir goen?
Dem Anouk Mahr seng däitsch Schreifweis ass philosophesch.
Poetesch. Se bleift engem nach laang am Gedächtnis.

Ech hu momentan eng Phas mat gudden a schlechten Deeg, nodeems ech d’Buch gelies hunn, hunn ech mech ugedoen a sinn erausgaange.
Mat Nopere schwätzen, vum gudde Wieder profitéieren – et war e gudden Dag.
Merci! ❤

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s