Et gesäit e schonn um Buchcover, dass d’Buch näischt fir schwaach Nerven ass – ech hunn et zimmlech hefteg fonnt.
Duerch meng bildhaft Fantasi hat ech sou munch elle Biller am Kapp, se ware schwéier lasszeginn.

Et gëtt ganz vill vu Selbstmord geschwat, sensibel a labil Mënschen hätte besser d’Fanger vun dëser Geschicht ze loossen, se kéint triggeren.
De Kilian versteet net, firwat seng Frëndin sech d’Liewe geholl huet. Dofir recherchéiert hien – am Internet fënnt hien en exclusivt Spill. De Spiller kritt 15 Aufgabe gestallt, déi läscht bezillt e mam Dout.
Och d’Polizisten, den Daniel an den Alex ginn op dës Doudesfäll opmierksam, d’Hiweiser féieren se bei eng Nouffallhotline. Makaber oder?
An de Kapitele komme vill Persounen zu Wuert – de Kilian, d’Polizisten an de mysteriéise Spillmeeschter. Wat ass säi Motiv? Wëll hien de labile Mënschen hëllefen? Hinnen Erléisung schenken? Oder ass en einfach nëmme pervers?
Fir den Doud vu senger Frëndin ze rächen, léisst de Kilian sech op d’Spill an. Ob dat eng gutt Iddi ass? Als Ex-Junkie ass en nämlech dat perfektent Affer …
De Spillmeeschter huet sech grausam Aufgaben fir en erausgesicht – gëtt säi Wëlle gebrach? Oder ass e méi staark wéi e mengt?
D’Charakteren sinn gutt gezeechnet, se hunn hier Macken an eege Problemer, dat huet mir gutt gefall.
Et si keng Superhelden!

D’Autorinnen huele kee Blaat virun de Mond, et ass zimmlech brutal an zäitweis bluddeg. Mat dëser Geschicht hu se eis gewissen, dass net nëmme Männer hefteg Thrillere kënne schreiwen.
Respekt!

Duerch déi kuerz Kapitelen a Perspektivewiessel ass d’Buch séier gelies.
D’Buch ass mir ënnert d’Haut gaangen – et ass wéi bei engem schwéieren Autosaccident. Et wëll een net kucken, mä d’Virwëtz ass méi grouss.
Ech wollt et verstoen, e Bléck an eng däischter Séil geheien. Et huet mech beréiert a schockéiert.
Ech konnt et bal net aus der Hand leeën, ech hunn awer heiansdo Pause gebraucht, fir dat beklemment Gefill an der Broscht lasszeginn.

Fir d’Buch gëtt et och e klengen Trailer, luusst eran!

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s