Ass Waasser Luxus?
Mir sti moies op, botzen d’Zänn, huelen eng Dusch a mir maachen eis de Kaffi. Mir wäschen eis e puermol den Dag d’Hänn. Mir kachen Nudelen.
Mir wäschen eis Autoen.
Et ass selbstverständlech. Oder?
No dësem Buch gesinn ech mäi Krunn mat aneren Aen – mat méi Respekt.

D’Handlung spillt sech a Kalifornien of, et ass Héichsummer.
Global Erwärmung, Waasserverschwendung an Urinstinkter spillen eng gewalteg Roll am Buch – an och an der Realitéit.
Et ass ee ganz normalen Dag – bis dass d’Alyssa de Krunn opdréit a kee Waasser erauskënnt. An den Noriichten gëtt de Problem verharmlost, d’Bewunner solle sech gedëllegen. Dat ass einfach gesot, direkt den éischten Dag ginn d’Butticker eidel kaf. A wann den Stroum nach ausfält ass d’Chaos perfekt.

D’Geschicht gëtt aus véier Perspektiven erzielt – eis Personnagen sinn all am Jugendalter, hir Angscht a Panik war gräifbar, ech hat e Knuet am Mo.
Ech konnt d’Buch net méi aus der Hand leeën.
Wéi wäit wäerten si fir e puer Milliliter Waasser goen?
Et ass spannend – awer och beängstegend ze liesen, wéi Mënschen a Katastrophensituatioune reagéieren.
Wéi se kierperlech a psychesch mat der Belaaschtung ëmginn. Kucken se no hire Matmënschen oder ass jidderee sech selwer am nächsten?
Wéilaang muss e Mënsch diischteren, ier en zu engem Waasserzombie mutéiert? Wéini gëtt d’Déier an eis wakereg?
Duerch den dréchene Summer entstinn Bëschbrënn …
Ab wéini ass de Kampf sënnlos?

D’Buch ass perfekt fir ze sensibiliséieren. A fir ze erschrecken.

Et wier villäicht eng gutt Iddi ëmmer e puer Fläsche Waasser am Haus ze hunn. Wie weess, wéini mir de Krunn ofgedréit kréien a wéilaang et dauert, bis dass nees alles leeft, während dem Liesen krut ech dës Gedanken net méi aus dem Kapp.
Och wann d’Buch an d’Kategorie Dystopie fält – et ass realistesch!
Mir kënnen d’Aen zoumaachen, awer net éiweg virun der Wourecht fortlaafen …

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s