Und täglich grüsst das Murmeltier …

Nom Jim sengem Dout, huet d’Bee sech vu senger aler Clique distanzéiert, hatt war léiwer fir sech.
Ëmou iwweraschender, dass hatt sech dofir entscheed, de Weekend mat senge Frënn ze verbréngen.
Si wëllen ee Gebuertstag zesumme feieren – mä et kënnt ganz anescht.
No engem Concert entgi si knapp engem uergen Accident, si kommen awer gesond a monter am Weekendhaus un.
Schéngbar.
Et dauert net laang an et klappt un der Dier, de Wächter steet virdrun.
Hien erkläert de Frënn, dass se an enger Zäitschläif gefaange sinn – op der Schwell zum Dout, a just ee vun hinne kann iwwerliewen.
Wa si sech eens sinn, wien dat soll sinn, hält Zäitschläif op ze existéieren – mä bis dohinner ass et nach ee laange Wee.
Déi fënnef Frënn probéieren mat der Situatioun eens ze ginn. Jiddereen op seng Manéier. Et ass ee laange Wee erauszefannen, dass d’Zesummenaarbecht de Wee aus dëser Hell ass.
Ech hunn d’Buch verschlongen.
Och wann hir ‚Wache‘ just een Dag ass, d’Teenager erliewen en allkéiers anescht, si léiere sech selwer besser kenne, si léieren d’Liewe wäertschätzen. Si traueren ëm den Jim, et ass eng Gefillsexplosioun.
Et gëtt ni langweileg!
Wéi soll een dës Wiel treffen? Iwwer Liewen an Doud entscheeden?
D’Léift zum Detail mécht dëst Buch aussergewéinlech, ech muss nach méi vun der Autorin liesen.
D’Buch huet mech grusele, laachen a kräische gedoen.

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s