Wat ass nëmmen mam Emma passéiert?
Huet seng beschte Frëndin Faith hatt tatsächlech ëmbruecht, oder gouf hatt zu Onrecht beschëllegt?
Seng Läich gouf jo ni fonnt …
No e puer Joer kënnt hatt nees a seng Heemecht – prett sech der Vergaangenheet ze stellen an erauszefannen, wat mam Emma passéiert ass.
Natierlech gëtt d’Faith net mat oppenen Ärm empfangen, dem Emma säi Brudder Liam ass guer net erfreet, a weist him dat wou et nëmme geet.
Den Haass war däitlech ze spieren, d’Schudderen si mir bei souvill negativer Energie de Réck erofgelaf.
Déi ganz Stad gouf vu Béisaartegkeet infizéiert, kee bild sech seng eege Meenung – leider!
Zesumme mam Faith léiere mir Bewunner kennen, befroen Zeien a kommen der fuerchtbar raffinéierter Léisung ëmmer méi no – dat ass net ongeféierlech …
Wien ass Frënd? Wien ass Feind?
Ech war iwwerrascht, ze liesen wéi manipulativ an hannerlësteg Mënsche kënne sinn, wéi gutt se hiere richtegen Charakter verstoppe kënnen …
Et ass erschreckend!
Wiem kann een iwwerhaapt nach vertrauen?
Ass d’Emma dout, oder gëtt et nach Hoffnung?
Zerbrécht d’Faith un der Wourecht?
Oder mécht se méi staark?
Mir huet säi Charakter immens gutt gefall – traumatiséiert, ängstlech, verletzbar an onheemlech staark!
Bis zum Schluss wosst ech net, wat ob de Lieser an ob eis Protagonistin duerkënnt …
Ganz grousse Kino, et war perfekt! ❤

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s