Bei dësem Buch vum Sarah Saxx hunn ech ee gudde Koup Nuesschnappecher gebraucht!
D’Eleanore an den Ethan – zwee Mënschen, sou verschidden ewéi Feier a Waasser.
An awer si se sech méi ähnlech, wéi et op den éischte Bléck schéngt.
Ech gouf esou vun der Geschicht gefesselt, ech hunn d’Buch an engem Rutsch duerchgelies – hätt ech mir dach nëmmen méi Zäit gelooss!
D’Eleanore ass an Doudesgefor, hatt rennt ëm säi Liewen – op de leschte Stëppel gëtt hatt gerett, den Ethan huet sech ee Ruck ginn.
Hien ass ee Griesgram wéi et am Buch steet, allerdéngs setzt säi Beschützerinstinkt direkt an!
Seng, oder villméi hier Geschicht geet ënnert d’Haut, et huet mir ee bessere Versteesdemech fir d’Charakterentwécklung ginn.
Ech war mat hinnen traureg, mäin Häerz huet wëll geklappt, wa si sech e bësse méi no komm sinn.
Mä do ass nach d’Gefor virun där d’Eleanore fortgelaf ass …
Gëtt dat Béist mat Zäiten fonnt?
Hu si iwwerhaapt eng Zukunft, oder ass de psychesche Ballast ze grouss?
Mat der Zäit versteet de Lieser wat d’Buch sou besonnesch mécht – d’Noperschaft, den Zesummenhalt, all eenzelne Charakter mat sengen Ecken a Kanten.
Mir liesen d’Geschicht aus dem Eleanore an dem Ethan hierer Perspektive – dat huet gehollef verschidden Reaktiounen besser ze verstoen.
Ech hu mech an der Autorin hier Schreifweis verléift, de Bësch, d’Bamhaus, d’Mënschen – ech hat d’Eenzelheeten all viru mengen Aen, ech wär gär do getrëppelt an hätt mech viru mengen Dämonen verstoppt.

Wann Dir emotional Geschichte gären hutt, déi Iech laachen a kräischen doen – dann ass dëst Buch genee dat Richtegt fir Iech ❤

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s