LIEBES KIND

Wow! Wat fir een Thriller, ee geet wierklech do un, wou anerer ophalen!
Ech war vun der éischter Säit u gefesselt …
Fir d’éischt léiere mir d’Hannah kennen – hatt ass dem Lena säi Meedchen.
Oder?
D’Lena huet missen wéinst engem Akkzident an d’Spidol ageliwwert ginn, eng Infirmière probéiert Eenzelheeten vu sengem Meedchen gewuer ze ginn.
An et gefält hier net, wat si do héiert,
et kléngt no engem schlechten Horrorfilm.
Wat mir direkt opgefall ass, ass dem Hannah seng Intelligenz (déi et sech aus Bicher ugeléiert huet) a säin zwanghaft Verhalen sech u Regelen ze halen – wat huet hatt wuel matgemaach?
Ass et Asperger?
A firwat gëtt dat zweet Kand, den Jonathan sou wéineg erwähnt?
Da léiere mir de Matthias kennen – dem Lena säi Papp.
Fir d’Elteren war et ee Schock gefuer ze ginn, dass hiert Meedchen nach lieft.
Erkennen si hatt erëm?
Ass et iwwerhaapt d’Lena?
Wéi geet d’Liewen elo virun?
Mir blécken Säit fir Säit a mënschlech Ofgrënn, et ass onvirstellbar.
Krass, wat de Mënsch alles erdréit a matmécht, fir z’iwwerliewen!
Ech hat dacks d’Gefill, mir géifen just un der Iwwerfläch kraatzen, wat lauert drënner?
Weess d’Hannah d’Äntwert op d’Froen?
Wéi fillt ee sech nodeems een d’Hell matgemaach huet an nees fräi ass?
Awer nach agespaart?

A Réckblécker gi mir gewuer, wéi schwéier an traumatiséiernd d’Liewen an all deene Jore war – do lafen engem d’Schudderen de Réck erof!
Mir ass et richteg schlecht ginn.
Onvierstellbar, wéi grausam een eenzelne Mënsch ka sinn …
Et ass emotional a verstéierend!
Dëst Buch huet den Ausdrock Thriller zu Recht – ech freeë mech op dat nächst Buch vun dëser Autorin – et ass hieren Debüt, do kann ee just op weider Bicher gespaant sinn …

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s