Räuberherz

Die Schöne und das Biest – mol ganz anescht!
Zimmlech düster …
Dës Versioun vun der Autorin huet mech begeeschtert, ech hunn et inhaléiert, esou wéi de Protagonist Crys Liewensenergie brauch 😆
D’Ella lieft an enger verloossener Bud, säi Papp ass ee Sëffer a Spiller, do huet hatt wéinstens seng Rou!
Awer net laang – hatt gëtt entfouert.
De Crys zwéngt hatt bei him ze liewen an den Haushalt ze maachen, hält hatt sech net un d’Regelen fënnt hatt den Dout.
Mir war schnell kloer, dass hien just op Bad Boy mécht, d’Ella brauch fir dës Erkenntnis méi laang.
D’Hausdéieren Arthur a James ware fir vill Witzer gutt, ech hunn se an d’Häerz geschloss!
Léif Autorin – et ass eng Sauerei, wat dem Arthur zougestouss ass!😣
Mat der Zäit falen dem Ella allerlee komësch a magesch Saachen a sengem neien Doheem op, wat probéiert de Crys ze verstoppen?
Wëll hien hatt beschützen?
Sinn iere Gefiller am Spill?
Hätt dës Léift iwwerhaapt eng Chance? Oder ass et duerch dem Crys säi Fluch onméiglech?
Säi Verhalen mécht et bal onméiglech Matleed mat him ze hunn, och wann hien eigentlech näischt dofir kann.

D’Buch ass een Eenzelband, ech hätt awer näischt dogéint nach eppes iwwert déi zwee ze liesen – wéi et hinnen an der Bezéiung ergaangen ass.

Dëst Schmockstéck kënnt aus dem Drachenmond Verlag – dat erkennt een, un dësem wonnerschéine Buchcover!

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s