Ech kann Iech net soen, wat ech vun dësem Buch gehalen hunn – eigentlech huet et mir gutt gefall, ech si just net waarm mat de Charaktere ginn.
A mat der Handlung, se huet mech net gefesselt, duerch de Klappentext hunn ech mir vill méi Thrill erhofft!
D’Alison, eng Studentin war mam Will zesummen, d’Gléck war net vu laanger Dauer, de Will ass vun der Polizei verhaft ginn.
Hien huet jonk Meedercher niddergeschloen an am Floss erdronk, dem Alison seng beschte Frëndin Liz war och ee vun den Affer.
D’Alison huet déi ganz Palett vu Gefiller matgemaach – Onglawen, Angscht, Trauer, Verdrängung an Hoffnung.
Fir Distanz zu allem ze kréien, huet hatt d’Land verlooss.
Zéng Joer méi spéit, huet d’Vergaangenheet hatt nees ageholl, et gi nees Meedercher ëmbruecht – de Will wëll just mam Alison schwätzen/verhandelen.
Hien huet anscheinend wichteg Informatiounen …
Wat huet hien ze soen?
Ass e villäicht onschëlleg? Oder stécht méi dohannert?
Hat hien ee Kompliz?
Et gi vill Froen ze beäntwerten …
Eigentlech wëll hatt näischt méi mat him ze dinn hunn – hatt wëll awer hëllefen de Mäerder ze fannen.
Mir liesen d’Buch an zwou Zäitebenen – fréier an haut, a kuerze Perspektiven léiere mir de Mäerder bësse kennen.
Fënnt d’Alison mat Zäiten eraus, wien et ass, oder ass hatt säin nächst Affer?
Wéilaang huet hien hatt schonn am Viséier?
Hëlleft seng Rees säin Trauma se bewältegen?
D’Buch ass – a mengen Aen net wierklech een Thriller, ech fannen den Ausdrock Krimi passt besser.

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s