Griechesch Mythologie huet mech nach ëmmer faszinéiert – dofir war ech esou op dës modern Ëmsetzung gespaant!
D’Buch ass zimmlech kuerz, ech war séier domat fäerdeg.
Et gëtt nach een zweeten Deel.
Nodeems d’Medusa vu senger Mamm Gaia verflucht ginn ass, brécht hatt mat der Götterwelt a senger Famill.
Hatt lieft elo an der Mënschewelt – dat war joerhonnertelaang kee Problem.
An da begéint hatt op enger Croisière den attraktiven Jendrick.
Si fille sech magesch vuneneen ugezunn, d’Medusa (wat sech elo Marie nennt) wiert sech géint dës Gefiller.
Duerch säi Fluch kann dat net gutt ausgoen …
Oder? Gëtt hatt him iwwerhaapt eng Chance? Léiere si sech richteg kennen?
Op de wéinegen Säiten erwaart de Lieser sou munch Iwwerraschung – mir liesen d’Geschicht aus zwou Perspektiven.
Mir léieren d’Medusa kennen, wéi hatt fréier war, wéi et zum Fluch komm ass, a mir maachen d’Bekanntschaft mam Marie, wat elo domat liewe muss.
Säi Wonsch no senger Famill ass grouss, seng Trauer a Verzweiflung ass schwéier ze verdauen.
Ech hunn op een Happy-End gehofft – an dofir wäert ech och den zweeten Deel liesen, ech wëll wëssen, wéi et weidergeet!
Ob d’Marie nach vill Problemer bewältege muss a Gléck an Zefriddenheet fënnt.

Nach ee Pluspunkt gefälleg?
D’Landschafte si sou detailléiert beschriwwen, ech wär am léifsten selwer an Island gewierscht.
(Dat ass souwisou een Dram vu mir)❤
Et ass eng magesch Geschicht, déi zum Dreemen alued.

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s