Aschenkindel

Wat mir un dësem Buch richteg gutt gefall huet, war de Sarkasmus an d’Ironie déi een tëscht den Zeilen fënnt.
D’Claerie ass eist modernt Aschenputtel – mat der béiser Stéifmamm an de gehässegen Stéifgesëschter.
Hatt gëtt vun hinnen ausgenotzt.
D’Aschenkindel hat et net einfach am Liewen, säi Papp huet him vill Scholden a Geheimnisser hannerlooss.
An dëser Geschicht huet d’Aschenkindel guer kee Bock op ee Bal ze goen, hatt wëll kee Prënz kenneléieren.
Hatt wëll säin eegene Wee goen!
Léiwer sëtzt hatt a sengem Tuermzëmmer an huet seng Rou.
Gott sei Dank gëtt hatt vu senger zimmlech chaotescher, gudder Fee dozou iwwerried, allerdéngs fillt hatt sech net wuel dobäi.
An da léiert hatt tatsächlech de Prënz kennen, hien huet een A op hatt geheit – säin Häerz schéngt awer fir een anere Mann ze klappen.
Dëse Mann huet hatt am verbuedene Bësch kennegeléiert – wat huet hien do gesicht?
E wäert jo keng Vampiren bekämpft hunn?
Déi gutt, tollpatscheg Fee probéiert Kupplerin ze spillen, soll dat gutt ausgoen?
D’Claerie ass net ganz bei der Saach, säi Land steet virun engem Krich.
Hatt ass loyal a probéiert eng Léisung ze fannen – mä wéi?
Gëtt et een Happy-End? Fir d’Léift?
Fir d’Land? Fir d’Zukunft vun de Bewunner?
An dësem Buch ass et wichteg een anere Bléckwénkel op d’Geschicht ze hunn, et geet ëm d’Onofhängegkeet a Léift.
Famill ass alles …
Villäicht verstoppen d’Gesëschter just hier Onsécherheet? Et ass net gutt Viruerteeler ze hunn, een zweete Bléck ass dacks Gold wäert!
De Schluss vum Buch suergt fir Opklärung, an och fir déi eng oder aner Tréin.
D’Geschicht ass spannend, traureg a fir sou munch Iwweraschung gutt!
Et ass ee Schmockstéck aus dem Drachenmond Verlag ❤

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s