D’Clare ass iwwerglécklech – säi Mann vergöttert hatt, zwee Kanner maachen hiert Gléck perfekt.
Si wunnen zesummen mam Clare senger Mamm an engem Haus.
Et ass perfekt.
Schéngbar, et feelt nämlech ee wichtegt Stéck aus der Vergaangenheet.
Dem Clare seng Schwëster Alice ass nämlech als Kand vum Papp mat an d’Vakanz geholl ginn – si sinn net méi erëm komm.
Elo, no zwanzeg Joren wëll déi verluere gegleewte Schwëster Kontakt ophuelen, d’Freed ass riisegrouss.
D’Gléck hält leider net laang un, dem Clare fale komësch Saachen op, d’Alice flirt mam Mann, deet dem Clare seng Kleeder un – a kee wëll him gleewen, hatt gëtt als jalous Schwëster ofgestempelt …
Wëll d’Alice dem Clare seng Plaz anhuelen? Oder gëtt et fir alles eng logesch Erklärung?
Wiem seng psychesch Gesondheet huet ee Krack?
Wat ass Abildung? Wat Realitéit?
D’Clare recherchéiert – hatt wullt am Alice senger Vergaangenheet, wat wäert hat wuel fannen?
Steigert hatt sech net do ran?
Et kënnt eng ongeheierlech Wourecht un d’Liicht …
Ech war mir laang net sécher, wien déi gutt Schwëster ass, de Schluss huet mech iwwerascht.
Och Dir wäert Är Freed um spekuléieren hunn …
D’Fro ass just – ass et éischter ee Familljendrama oder een Thriller?
E bësse vu béidem, denken ech!

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s