Deine letzte Lüge

D’Anna ass zënter kuerzem Mamm – duerch dësen Ëmstand muss hatt dacks u seng verstuerwen Elteren denken, si hu sech an Ofstänn vun e puer Méint an den Dout gestierzt!
Si hate keng Geldsuergen, depressiv schéngen se och net gewierscht ze sinn.
Oder?
Hatt kritt eng Postkaart, déi hatt um Fräidout zweifele léisst.
Goufe seng Elteren ëmbruecht?
Wat stécht dohannert?
Wien weess méi?
Jiddereen kéint verdächteg sinn …
D’Anna fänkt un an der Vergaangenheet ze wullen, hatt hëlt d’Familljegeschicht ënnert d’Lupp an deckt sou muncht Geheimnis op.
Hätt hatt dat nëmmen net gemaach, elo ass hatt a säi klengt Meedchen a Gefor.
Hëllef kritt hatt vum Murray Mackenzie, hien ass Polizist a Pensioun.
D’Charaktere si gutt gezeechnet, mäin Häerz houng immens um Murray – hie këmmert sech och nach ëm seng psychesch labil Fra Sarah.
Hien ass ee Goldstéck!
Et bleift interessant – d’Opléisung huet mech ouni Wierder hannerlooss!
Och wann ech matgerätselt hunn, ech wär net drop komm, der Autorin ass et gelongen falsch Spueren ze leeën …
Dëse Roman huet den Ausdrock Psychothriller wuel verdéngt!

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s