Wat ass mam Sadie geschitt?
Nodeems seng Schwëster doudeg opfonnt ginn ass, verschwënnt hatt ouni eng Noriicht ze hannerloossen.
Seng Boma freet de West, ee Journalist ëm Hëllef – hie mécht ee Podcast fir d’Meedchen ze fannen.
Him ass nämlech kloer, dass dem Sadie säi Liewe kee kal léisst, dat suergt fir vill Nolauschterer!
De Meedercher hier Mamm war drogenofgängeg, d’Gesëschter hu sech géigesäiteg Halt ginn.
Wat ass geschitt?
Dem Sadie säin Häerz ass gebrach, wëll hatt dem Mattie säi Mäerder fannen a fir Gerechtegkeet suergen?
Oder ass hatt och a Gefor?
Op de Spuere vu senger Vergaangenheet ze reesen, hannerléisst ee batteren Nogeschmach – beim Sadie, beim West an och bei mir.
Wärend sengen Recherchen deckt de West fuerchtbar Saachen op – him feelen d’Wierder …
Wéivill kann ee Mënsch erdroen ouni drun z’erbriechen?
Wien huet déi zwee Meedercher gebrach? Hier all d’Léift an Hoffnung geholl?
Gëtt et Gerechtegkeet? Ass esou eng Rees net geféierlech? Begéint d’Sadie och frëndlechen, hëllefsbereete Mënschen?

Mir liesen d’Buch aus dem Sadie senger Siichtweis, säiteweis liese mir och de Podcast, dat war eng interessant Perspektiv, déi fir vill Spannung gesuergt huet …
Ech hunn d’Buch an engem Rutsch duerchgelies, e puer Pausen wären net verkéiert gewierscht – d’Geschicht huet misse sacken …
D’Charakteren sinn authentesch, d’Autorin huet vill Häerzblutt an dës Geschicht gestach, dat bréngt net jiddereen esou fäerdeg.
Et gëtt vill Béises op der Welt, dat ass mir dee Moment nees kloer ginn.

Eng Buchverfilmung wär sécherlech och interessant – ech géing de Film direkt kucken!
Dëst Jugendbuch leeën ech Iech wierklech un d’Häerz – a vergiesst d’Nuesschnappescher net ❤

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s