Sleeping Beauties

Ech sinn ee grousse Fan vum Stephen King senge Bicher, allerdéngs huet mech dës Geschicht enttäuscht – ech verstinn net, firwat esou een Hype dorëm gemaach ginn ass.
D’Frae gi midd – op der ganzer Welt schlofen se an, währenddeems bild sech sou eng Aart Kokon ëm si.
Wann d’Männer probéieren se wakreg ze maachen, gi si gewalttäteg. Dat Phänomen gëtt Aurora genannt.
Ass d’Evie den Ursprong? Hatt kann nämlech aschlofen an ouni Problemer nees wakreg ginn – ausserdeem schéngt hatt allwëssend ze sinn.
Firwat?
D’Awunner vum County Dooling probéieren där Saach op de Grond ze goen, si wëssen net sou genee wou se ufänke sollen.
Soll Gewalt d’Léisung sinn?
Wat geschitt, wann d’Fraen net méi wakreg ginn?
Ass d'(Männer)welt dem Ënnergang geweit, oder gëtt et nach Hoffnung?
Kann d’Mënschheet gerett ginn?
Typesch un dësem King-Buch sinn detalléiert Beschreiwungen an Erklärungen, doduerch gëtt de Lieser natierlech virwëtzeg …
Ech wosst laang net, wat ech vun där Schlofkrankheet hale soll, mä d’Evie huet mir zum Schluss d’Aen opgemaach, seng Erklärung huet bei d’Geschicht gepasst.
Wëllen d’Fraen een Utopia, oder ee Liewe mat de Männer? Firwat géingt Dir Iech entscheeden?
Wéi verhalen sech d’Fraen, wa keng Männer an der Géigend sinn? Ass et méi friddlech?
D’Geschicht ass e bësse philosophesch ugehaucht – mir huet den Horror gefeelt, ech hoffen, dass ech deen beim nächste Buch nees erëmfanne wäert.
Dem Här King säi Bouf Owen huet och um Buch matgeschriwwen, villäicht huet dat den Ënnerscheed gemaach …

Veröffentlicht in Heyne

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s