Dëst Buch ass eppes ganz besonnescht – eis Protagonistin Jemma mécht d’Geschicht zu engem onvergiesslechen Erliefnis.
Hatt ass gefaangen a sengem Kierper – komplett gelähmt, mäi säi Verstand ass voll do, hatt ass ee ganz intelligent Meedchen.
Hatt brauch bei allem hëllefen, ech ka mir net virstellen, wéi fuerchtbar et muss sinn, andauernd op aner Mënschen ugewissen ze sinn …
D’Frustatioun ass däitlech spierbar!
Duerch seng Behënnerung gëtt hatt dacks vu Matmënschen ënnerschat, eng Persoun erniedregt hatt, wou et nëmme méiglech ass – et kënnt nach schlëmmer, dee Kärel erzielt dem Jemma, dass hien ee Mënsch ëmbrecht huet.
Vu senger Famill kritt kee seng Angscht mat, hatt ass ganz aleng op sech gestallt – seng Hoffnungslosegkeet ass däitlech spierbar.
Wéi soll hatt, gefesselt am Rollstull de Fall opklären? Der Gefor entgoen?
Ee Professor dréit zur Léisung bei, säi Prototyp (Apparat) kéint dem Jemma hëllefen, sech wéinstens e bëssen ze verstännegen.
An dësem Buch liese mir, wéi wichteg Kommunikatioun ass – nolauschteren an den Ausdrock am Gesiicht bemierken.
Eescht huelen.
Behënnerungen, Liewen a Pfegefamilljen – d’Geschicht huet eis verschidden Themen ze bidden.
Et ass emotional, a jo, heiansdo géing ee klengt Wonner duergoen …
Wat mech am meeschten un dësem Buch beréiert huet, ass dass d’Geschicht aus dem Jemma senger Siichtweis erzielt gëtt, de Lieser kritt ee ganzen Abléck a seng Gedanken a Gefillswelt.
Hatt ass eng staark Protagonistin – hatt wiisst Säit fir Säit, et ass schéin, dëser Entwécklung nozekucken …
Mä geet et duer fir de Mäerder z’entlarven? Oder mutt hatt sech zevill zou?

Dëst Buch ass liesenswäert – Dir wäert d’Jemma soubal net méi vergiessen!❤

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s