Consider – Das Portal

Dëst Buch ass den éischten Deel vun enger Dilogie.
Eis Protagonistin Alex huet Panikattacken an Zwangsstéierungen – et hëlleft senger psychescher Verfaassung net, dass beemol Portaler an der ganzer Welt erschéngen.
Hologrammer warnen d’Bewunner – ee Komet ass um Wee a wäert déi ganz Welt zerstéieren.
Et gëtt awer eng Léisung – duerch d’Portal trëppelen, an op engem neie Planéit ee bessert Liewen ufänken.
Soen se d’Wourecht?
D’Mënsche si veronséchert, déi eng verloossen d’Äerd, anerer hunn nach e bëssen Hoffnung – sou wéi d’Alex a seng Famill.
Säi Papp ass keen einfache Charakter, duerch säin Asaz am Krich huet en PTBS, d’Mamm ass eng Nummer fir sech.
Si musse materliewen, wéi de Chaos sech ausbreet, Butticker gi geplëmmt – Anarchie brécht aus.
Duerch dës schwéier Ëmstänn, schléckt d’Alex seng Berouegungspëllen ewéi Smarties – dat huet mir net esou gutt gefall!
Et huet zevill Plaz an der Geschicht geholl.
D’Handlung spillt sech wärend sechs Méint of – an da ginn d’Portaler zougemaach …
Virun all Kapitel steet eng Fro vun de Mënschen un d’Hologrammer – an hier Äntwert.
Dat war eng interessant Idee, mir konnten ee klenge Bléck an hier Politik a Gesellschaft geheien.
D’Grondstëmmung vun der Geschicht war bedréckend.
Traureg!
D’Apokalypse steet bevir, wéi wäert d’Famill sech entscheeden?
De Schluss war béis – Cliffhanger ass dat richtegt Wuert, ech wollt onbedéngt wëssen wéi et weider geet.

Ech hunn den zweeten Deel och scho gelies – mol kucken, wéi ech dat a Wierder faasse kann!

Veröffentlicht in Arena

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s