Passagier 23, Der Augensammler, Noah, Das Paket – de Sebastian Fitzek ass ee bombasteschen Thriller-Schrëftsteller.
Ee vu menge Favoritten.

Ech hu fir moien.lu een Interview mat him gefouert an zwee Bicher vun him virgestallt. (Dat ass awer scho méi laang hier!)

A gëschter war et endlech esou wäit – hien hat eng Liesung, zu Lëtzebuerg!
Ech hu mir direkt missen een Ticket bestellen, ech war gespaant ewéi eng Fieder …

20190313_101948

D’Dieren sinn um 19 Auer opgaangen – dat hätt ech net dierften wuertwiertlech huelen.
Ech hätt missen éischter do sinn, et war eng riisegrouss Schlaang an der Entrée, ech souz ganz hannen, mä fir de Sebastian Fitzek hunn ech meng Ouerenapparater ugedoen – ech hu kee Wuert verpasst.

De Sall war voll, et ware wéineg eidel Still ze gesinn.

D’Liesung war bombastesch – et war éischter een Virtrag.
Ganz interessant opgebaut 😀
Et war riets iwwert Gutt a Béis, mënschlech Ofgrënn, Zivilcourage, Inspiratioun a sou vill méi, et muss een dobäi gewierscht sinn.

Et war nawell léierräich, ech hunn sou munch Positives fir mech erëmfonnt.
Merci!

Ech hat dacks Héngerhaut, och wann den Här Fitzek aus sengem Roman Der Insasse virgelies huet.
Hien huet mat senger Stëmm an den Emotioune gespillt, et war de Wahnsinn.
Perfekt!

Wat mech verwonnert (an och begeeschtert) huet, war dem Autor säi Sënn fir Humor – ech hunn dacks misse laachen!
Dorop war ech net gefaasst, ech hat mech just op Thrill agestallt.
Dat war eng Iwwerraschung!

Den Här Fitzek war sympathesch, hien hat säi Publikum fest am Grëff – déi 90 Minutten ware vill ze séier eriwwer, ech hätt näischt géint eng Verlängerung gehat.

Eng Engelsgedold huet den Här och – no senger Liesung huet hien sech dohinner gestallt a Bicher signéiert.
A Selfieë goufe gemaach, keng Anung wéilaang, ech stoung zimmlech vir an der Rei 😉

Säin neistent Buch heescht Fische, die auf Bäume klettern, et ass elo just op menger Wonschlëscht gelant.
Et ass keen Thriller!
D’Buch kënnt den 20ten Mäerz eraus, et schéngt ee Kompass fir d’Liewen ze sinn – ech si gespaant.

Mäi Kompliment un d’Librairie Ernster, de Jérôme Jaminet, de Kolléisch an u jiddereen, deen dëst Event matorganiséiert huet, Dir hutt gutt Aarbecht geleescht – et war derwäert!

3 Kommentare zu „De Sebastian Fitzek – live

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s