D’Melanie ass verzweifelt – hatt ass eng gutt Mamm, elo krut hatt vum Jugendamt säi Kand ewech geholl.
Si sinn et ouni Virwarnung bei Dagesmamm siche gaangen …
D’Wunneng gouf vun der Police duerchsicht, et goufen Droge fonnt.
Wien huet se do verstoppt?
Et gëtt erzielt, hatt hätt säi Kand wéilten verkafen …
Hatt ass um Enn!
Seng Welt ass zesumme gebrach, wie wëll him dermoossen schueden?
Wéi kann hatt seng Onschold beweisen?
Säi Géigner huet Muecht an Afloss – en ass méi no wéi hatt mengt.
D’Buch gëtt aus verschiddene Perspektiven erzielt – dem Melanie seng huet mech emotional matgeholl, anerer hu mech duerchernee bruecht, bis dass de Schluss alles erklärt huet.
Leider ass dem Melanie säi Mann ze kuerz komm, ech hätt gären eppes aus senger Gefillswelt matkritt – iergendwéi ass e mir just wéi eng Randfigur virkomm.
Mir léieren och eng Avekotin kennen, si ermëttelt an engem anere Fall, dee fir d’Melanie eng gréisser Bedeitung huet.
Hänkt dat alles zesummen?
Kritt d’Famill hiert Kand erëm?
Et ass dat éischt Buch, wat ech vun dësem Autor liesen – awer sécher net dat lescht!

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s